Batter Ironie zu Crans-MontanaGedenkplaz fir Affer vu Brandkatastroph fänkt Feier

AFP, iwwersat vun RTL
Op där Plaz, op där zu Crans-Montana den Affer vum tragesche Feier geduecht ka ginn, ass e Sonndeg de Moien en neit Feier ausgebrach. D'Pompjeeë konnten awer séier de Flame Meeschter ginn.
An dësem "Iglu" ass e Sonndeg de Moien e Feier ausgebrach
An dësem “Iglu” ass e Sonndeg de Moien e Feier ausgebrach
© MAXIME SCHMID/AFP

Nodeems et Neijoerschdag an enger Bar zu Crans-Montana zu enger Brandkatastroph mat méi wéi 40 Doudege komm war, hate Fräiwëlleger no bei der Onglécksplaz eng Aart Memorial opgeriicht, fir den Affer ze gedenken. Blummen, Käerzen, Petzien a Messagë fir ze kondoléieren, waren do zesummegedroe ginn. Ausgerechent an deem Zelt huet et e Sonndeg de Moie fréi gebrannt. Ursaach fir d’Feier war warscheinlech eng vun de Käerzen.

D’Pompjeeën aus der Géigend waren awer séier op der Plaz fir ze läschen.

Ausgerechent do, wou den Affer geduecht gëtt, huet et rëm gebrannt
Ausgerechent do, wou den Affer geduecht gëtt, huet et rëm gebrannt
© AFP / POLICE CANTONALE VALAISANNE

Back to Top
CIM LOGO