Donald TrumpGefor vum Coronavirus express erofgespillt

RTL Lëtzebuerg
Dat seet den amerikanesche President vu sech selwer. Hien hätt dat gemaach, fir keng Panik auszeléisen.

En neit Buch bréngt den US-President Trump an d’Laberenten: am Buch gëtt kloer, datt den Donald Trump d’Gefor duerch de Coronavirus scho ganz fréi erkannt huet, mä datt hien d’Gefor erofgespillt huet. Fir keng Panik auszeléisen, verteidegt hie sech.

Et ass e Buch vum Journalist Bob Woodward, dee schonn d’Hannergrënn vun der Watergate-Affär opgedeckt hat.

Hien huet de President mat der Ausso „wollt et erofspillen“ op Band. De Woodward huet an de leschte Méint am Ganzen 18 mol perséinlech mam US-President geschwat.

Ugangs Februar war den Trump schonn driwwer informéiert, datt de Virus sech iwwer d’Loft iwwerdréit a méi en héije Stierflechkeetstaux huet wéi d’Gripp. Ëffentlech huet hien awer behaapt, de Virus wär harmlos a géif mat der Zäit einfach verschwannen.

An den USA si ronn 190'000 Mënschen u Covid-19 gestuerwen.

Den Trump verdeedegt wéi gesot seng Aussoen: dat Lescht wat e wéilt wär Panik am Land. Et soll ee Stäerkt weisen. Hie wär en Cheerleader fir säi Land. Hie wéilt net, datt d’Leit Angscht hunn.

Säin Erausfuerderer fir d’Walen den Joe Biden huet den Trump schaarf attackéiert. De President hätt d’Vollek belunn. Zéngdausende Mënscheliewe hätte kënne gerett ginn, wann den Trump méi séier gehandelt hätt.

Back to Top
CIM LOGO