
D’amerikanesch Justizautoritéiten, déi Malaysia hëllefe, déi Suen ze recuperéieren, deelen an engem Schreiwes mat, datt zousätzlech Verméigenswäerter identifizéiert goufen, déi an Immobilien zu Paräis investéiert goufen, a Konscht vun ënnert anerem dem Claude Monnet an dem Andy Warhol an op internationale Bankkonten, notamment zu Lëtzebuerg an an der Schwäiz.
Aus dem malaysesche Staatsfong si bis zu 6,6 Milliarden Dollar geklaut ginn. D’USA hu Malaysia an Tëschenzäit gehollef, fir iwwer eng Milliard ze recuperéieren.
