
A Brasilien gëtt de President Jair Bolsonaro elo duerch eng Decisioun vum Geriicht forcéiert, am Haaptstadbezierk Brasilia e Mask unzedoen, wann hien op ëffentleche Plazen oder am ëffentlechen Transport ass.
Dat gëllt och fir Leit, déi am ëffentlechen Déngscht schaffen. Wann ee sech net un déi Obligatioun hält, kascht et ëmgerechent 340 Euro.
En Affekot aus dem Haaptstadbezierk hat geklot an huet drop gepocht, datt och de President sech un déi Reegelen ze halen hätt, déi d’Regierung aus dem Distrikt Brasilia decidéiert huet.
De rietspopulistesche Politiker verharmloost de Virus jo a refuséiert all Schutzmoossnamen.
