Doud vun der Renée GoodGeriicht limitéiert Pouvoiren vun US- Bundesbeamten no Virfäll a Minnesota

RTL Lëtzebuerg
Am amerikanesche Bundesstaat Minnesota huet ee Geriicht elo d'Pouvoiren vun der Awanderungsunitéit ICE limitéiert.
MINNEAPOLIS, MINNESOTA - JANUARY 16: A man walks by a series of posters memorializing Renee Good on January 16, 2026 in Minneapolis, Minnesota. Protests have sparked up around the city after a federal agent fatally shot Good in her car during an incident in south Minneapolis on January 7. Scott Olson/Getty Images/AFP (Photo by SCOTT OLSON / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP)
Eng 37 Joer al Mamm gouf de 7. Januar vun engem ICE-Beamten an hirem Auto erschoss.
© GETTY IMAGES NORTH AMERICA/Getty Images via AFP

Leit, déi friddlech, demonstréieren oder Automobilisten dierfen elo net méi festgeholl ginn a géint si dierft och kee Pefferspray benotzt ginn. Dat huet d’US-Bezierksriichterin Katherine Menendez decidéiert. Den 83 Säite laangen Uerder gëtt der Operatioun an der nërdlecher US-Stad Minnesota 72 Stonnen, fir konform ze ginn. Den US-Inneministère huet dogéint betount, datt een d’Gewalt ëmmer just op engem Minimum gehalen hätt.

D’Protester am US-Bundesstaat Minnesota géint ICE si jo an de leschte Woche méi heefeg ginn, dat nodeems déi 37 Joer al Renée Good vun engem ICE-Agent mat direkt e puer Schëss an hirem Auto erschoss ginn ass. Den Agent hätt aus Noutwier gehandelt, huet et vun ICE an och vum President Trump geheescht. Déi Ausso gëtt allerdéngs duerch Videoe vum Asaz staark ugezweiwelt, an och déi lokal Autoritéiten an de Buergermeeschter vu Minneapolis, wou et zum Virfall koum, hu sech géint déi Interpretatioun ausgesprach.

Back to Top
CIM LOGO