Wéinst bezuele vu Schweigegeld u Porno-ActriceGeriichtsprozess géint den Donald Trump soll de 25. Mäerz ufänken

RTL Lëtzebuerg
E Riichter zu New York huet en Donneschdeg den Datum fir den Optakt vum Strofprozess géint den Donald Trump fixéiert.
© ANGELA WEISS AFP

Am Prozess, geet et ëm d’Bezuele vun engem Schweigegeld an Héicht vun 130.000 Dollar, dat dem Trump säin deemolegen Affekot, der Prono-Actrice Stormy Daniels virun de Presidentiellen am Joer 2016 bezuelt hat. Dat fir, dass d’Actrice, déi mat biergerlechem Numm Stephanie Clifford heescht, net iwwer eng Affär schwätzt, déi si 2006 mam Donald Trump soll gehat hunn. Dës Sue sollen dann iwwer dem Trump seng Immobiliëfirmen un de Cohen zeréck gefloss sinn. Dobäi wieren d’Ausgaben allerdéngs als Affekotskäschte verbucht ginn. Dat wier dem Parquet vu Manhattan no eng Fälschung vu geschäftlechen Dokumenter gewiescht an domat illegal.

De Parquet hat dowéinst am Mäerz zejoert Plainte géint den Donald Trump agereecht. Et war déi éischte Kéier an der Geschicht vun den USA, dass e fréiere President wéinst enger Strofdot ugeklot gouf. Ma zanterdeem gouf den Donald Trump nach wéinst 3 anere Strofdoten ugeklot. Dat ënner anerem am Zesummenhang mat senge Versich, d’Resultat vun de Presidentiellen 2020 ze kippen.

Am Fall vum Prozess ëm d’Schweigegeld vun d’Stormy Daniels, haten dem Trump seng Affekote verlaangt, dass dësen eréischt no de Presidentiellen am November 2024 ufänke sollt. En Optakt virun de Walen, géif eng Manipulatioun vun dësen duerstellen. Den zoustännege Riichter huet dës Argumentatioun allerdéngs net zeréckbehalen. De Prozess an dëser Affär wäert also de 25. Mäert mat der Auswiel vun der Jury ufänken.

Back to Top
CIM LOGO