
Dobäi soll eng “gréisser Quantitéit” u Pëtrol ausgetruede sinn. Eng Ueleg-Fontaine mat enger Héicht vu bis zu 12 Meter soll dobäi an d’Luucht geschoss sinn, dat an der Gemeng Gramzow an der Uckermark.
Geschitt ass d’Havarie enger PCK-Spriecherin no bei enger sougenannter “Schieber-Statioun”, engem wichtege Knuetpunkt vu Pëtrolspipelinen. Ëm Sabotage soll et sech éischten Erkenntnesser no net handelen. D’Pann soll wärend Preparatiounsaarbechte fir e Sécherheetstest fir en Donneschdeg geschitt sinn. Den Ëmweltministère konnt der AFP géigeniwwer net confirméieren, wéi vill Ueleg ausgetrueden ass, a verschiddene Medie geet awer Rieds vun iwwer 200.000 Liter. D’Rettungsaarbechte sinn den Ament amgaangen.