Wat dës Annonce vum Inneminister Horst Seehofer genee bedeit, doriwwer gouf et ënnerschiddlech Aussoen a vill Froen. Aus dem däitschen Inneministère heescht et, op de Grenze wäre keng Kontrolle méi, um Prinzip vum ''triftiger Grund’’ fir anzereese géif een awer weiderhi festhalen. Et géifen awer Lockerungen gi fir Reesen aus familiären a perséinleche Grënn.
RTL géintiwwer hunn awer dräi offiziell Sourcë confirméiert, dass sämtlech Aschränkunge fir an Däitschland anzereese vun e Samschdeg u fir Lëtzebuerger net méi gëllen. Aus der Staatskanzlei Rheinland-Pfalz koum et schwaarz op wäiss: vun e Samschdeg un dierfen d’Lëtzebuerger nees ouni Aschränkung déi aner Säit der Musel, Sauer oder Our fueren. Dohanne musse si sech natierlech och un déi allgemeng sanitär Reegelen halen.
Och den Tréierer Buergermeeschter Wolfram Leibe hat am RTL-Interview e Mëttwoch gesot, hie géif sech op d’Lëtzebuerger Visiteure freeën.
An e Spriecher vun der Bundespolizei huet eis an engem Mail confirméiert, dass si keng Kontrolle méi op de Grenze maachen.
An domat géif och d’Reegelung zu den Ausnamen ewechfalen. Deemno misst ee kee ''gudde Grond’’ méi nenne kënnen, wann een an Däitschland fiert. Et kéim awer nees zu verstäerkte Kontroll-Moossname bis zu 30 Kilometer bis an d’Land eran. Déi gouf et awer och scho virum 16. Mäerz, deem Datum op deem Däitschland nees Kontrollen op senge Grenzen agefouert hat.
Um Freideg huet eis de Service vum Horst Seehofer selwer da confirméiert, dass een effektiv ouni triftigen Grund dierf iwwert d’Grenz.
Da sinn Bund a Länner an Däitschland sech e Freideg och eens ginn, dass Persounen, déi aus dem europäeschen Ausland – deemno och Lëtzebuerg – areesen, net méi 14 Deeg a Quarantän mussen. Dës Reegelung gëtt awer elo fir EU-Bierger, Leit aus dem Schengenraum a fir d’Awunner vu Groussbritannien opgehuewen, dat huet d’Landesregierung aus Nordrhein-Westfalen matgedeelt.
Schonn en Donneschdeg haten d’Ministerpresidenten aus Nordrhein-Westfalen a Rheinland-Pfalz annoncéiert, datt just nach Leit aus Drëttstaate sech missten a Quarantän beginn.
Dës Quarantän-Flicht ass den 9. Abrëll agefouert ginn an huet och fir Däitscher gegollt, déi méi laang am Ausland waren. Si hu missten, nodeem si zeréck an Däitschland waren, direkt heemfueren an do fir 14 Deeg bleiwen. Ausgeholl vun dëser Reegelung ware Pendler, Saisonsaarbechter, Polizisten a Leit aus dem Gesondheetssecteur.
