Keng ExperteronnGreta Thunberg zu Gaascht an enger Corona-Spezial-Sendung vun CNN

RTL Lëtzebuerg
En Tweet vun CNN huet op Twitter fir Opreegung gesuergt: Den US-Noriichtesender wëll nämlech d'Klimaaktivistin invitéieren.

Geschwat gëtt an der Emissioun allerdéngs net iwwer de Klimawandel, mä iwwert d’Corona-Pandemie. Nieft dem Greta Thunberg goufen de Journalist Anderson Cooper, den Neurochirurg Sanjay Gupta an déi fréier US-Gesondheetsministesch Kathleen Sebelius an d’Sendung “Coronavirus - Fakten an Ängschten” agelueden.

Doropshi gouf CNN vun honnerten Notzer kritiséiert: “Ass hatt elo Covid-19-Expertin? CNN ass e Witz”. En anere User huet ënner dem Post kommentéiert: “Mir sollen dem Trump net nolauschteren, awer d’Greta ass eng Expertin?” Däitlech Wierder huet och ee fonnt, deen CNN mat folgender Bemierkung kritiséiert huet: “Kee Mënsch soll Iech méi eescht huelen.”

Trotz villen Haasskommentare koum och positive Feedback eran. Vun der Schrëftstellerin Roxane Gay heescht et zum Beispill: “Onqualifizéiert Männer braddelen all Dag ouni Enn op der Tëlee, awer d’Greta Thunberg ass elo ze vill?”

Déi jonk Aktivistin selwer huet mat engem Tweet kloer gestallt, ëm wat et geet. Et gouf ni gesot, datt et eng Experte-Ronn bei CNN wier, ma si wier ageluede ginn, fir iwwert hir nei Campagne mat Unicef ze schwätzen an z’erklären, wéi et ass, fir a Coronazäiten als Aktivistin täteg ze sinn.

Well de groussen Deel vun de Commentairen zu dësem Sujet géint eis Netikett verstouss hunn, hu mer decidéiert, fir se hei zouzemaachen. Mir biede fir äert Versteesdemech.

Back to Top
CIM LOGO