Leipzig - New DelhiGrippe verbreede sech méi séier, wann d'Loftfiichtegkeet ënner 40% ass

RTL Lëtzebuerg
D'Fuerscher sinn dowéinst besuergt, dass net nëmmen d'Zuele vu saisonale Grippen, mä och u Covid-Infektiounen am Wanter kéinte klammen.

D’Team vu Physiker hat sech zesummegedoen, fir 10 international Studien ënnert d’Lupp ze huelen, déi sech tëschent 2007 an 2020 mat der Relatioun vun der Loftfiichtegkeet a verschiddenen Zorte vu Grippen a Coronavire beschäftegt haten. Heibäi koume si zum Fazit, dass d’Chancen, sech an engem Raum mat enger Loftfiichtegkeet ënner 40% eng Gripp anzefänken, am héchste sinn.

De Grond dofir wär, dass eng erhéichte Loftfiichtegkeet dozou féiert, dass d’infizéiert Drëpse méi Waasser ophuelen, also méi séier wuessen a schlussendlech op de Buedem falen. Soumat wären d’Chancen, dass een Net-Infizéierte sech kéint ustiechen, kleng. Bei enger niddereger Loftfiichtegkeet géifen d’Drëpsen allerdéngs kee Gewiicht gewannen, wouduerch si sech méi laang an der Loft kéinten halen.

D’Fuerscher sinn dowéinst besuergt, dass net nëmmen d’Zuele vu saisonale Grippen, mä och un Covid-Infektiounen am Wanter, wou d’Heizungen op Héichtoure lafen a soumat d’Loftfiichtegkeet geréng ass, kéinte klammen. Fir dëst ze prevenéieren, empfeele si d’Loftfiichtegkeet an ëffentleche Gebaier an Transportmëttelen tëschent 40 a 60% ze halen.

Back to Top
CIM LOGO