
A grousse Stied an Däitschland waren um Samschdeg eng ganz Partie Demonstratiounen a Géigendemonstratiounen.
Ronn 1.000 Polizisten hunn a Berlin-Mitte am Nomëtteg Dosende Mënschen op verschiddenen Demonstratioune begleet. 4 dovunner waren um Alexanderplaz. Et gouf virun allem drop opgepasst vun de Beamten, dass net méi wéi 50 Demonstrante beienee stinn, och op de Sécherheetsofstand gouf opgepasst.
Ënnert anerem gouf géint Verschwörungstheorien a fir d’Rechter vu Flüchtlinge protestéiert. Niewendrun waren et dunn nees Dosende Leit, déi haart géint d’Corona-Reegelen an d’Impfflicht demonstréiert hunn. Allerdéngs sollen et laut RBB manner Leit gewiescht sinn, wéi nach virun enger Woch.
Bei enger Demo zu München géint d’Politik ëm d’Corona-Kris, war schonn, kuerz iert se iwwerhaapt ugaangen ass, déi autoriséiert Maximalzuel u Leit op der Manifestatioun vun 1.000 erreecht. Ma komm waren awer wäit méi wéi 1.000 Mënschen. Ma d’Police huet am Nomëtteg awer keng Mënsche méi op den ofgespaarten Terrain vun der Theresienwiese gelooss. Déi Leit, déi virun den Ofspärunge gewaart hunn, goufe vun de Beamte vun der Wiss geschéckt. Honnerte Mënsche stoungen dunn op den Trottoirë baussent der Plaz. Spéider huet déi bayresch Police dunn ugefaangen, d’Demonstranten baussent der Maniff ewechzedroen. Et ass friddlech bliwwen, heescht et säitens der Police. Op der Maniff selwer, goufe fir déi nächst Woch 10.000 Demonstranten annoncéiert.
Och d’Demo zu Stuttgart war wäit iwwerfëllt. Och hei war um 15.30 Auer, also am Ufank vun der Maniff d’Limitt vu 5.000 Mënsche schonn erreecht. Mënschen déi hei nach bäikoumen, goufen op eng 2. Versammlungsplaz gefouert. Ufanks gouf d’Demo zu Stuttgart fir 500.000 Leit ugemellt.
Och zu Frankfurt hu sech d’Leit rassembléiert, fir an dësen Zäiten hir Meenung ze soen an ze demonstréieren. Virun allem awer hei, hate sech honnerte Géigendemonstrante versammelt, déi den Organisateure vun der Maniff “Nazi-Propaganda” virgeheien.
D’Police hat deels Problemer, déi ënnerschiddlech Gruppe vun all Kéier honnerte Mënschen an der Stad auserneenzehalen. E Porte-Parole vun der Police vu Frankfurt schwätzt vun all Kéier 1.500 Demonstranten op béide Säiten, déi a Frankfurt ënnerwee waren.
Zu Halle koum et dann zu engem Tëschefall tëscht Demonstranten an engem Team vu Journaliste vum ZDF. D’Ekipp hätt wollten Opname maache vun engem Demonstrante-Won, wier et zu verbalen Attacke géint d’Journaliste komm, esou d’Police. D’Beamte wieren dunn dertëscht gaangen, fir eng weider Eskalatioun ze verhënneren. Den ZDF hätt dono mam Schutz vun der Police fräiwëlleg an onverletzt d’Maartplaz verlooss.
Wéi an den anere Stied, goufen et och hei Géigendemonstratiounen. Am Ganze goufen 18 Persoune vu béide Gruppe vun der Plaz geschéckt. Déi meescht vun deene Leit waren alkoholiséiert Fans vum Halleschen FC.