Reaktiounen no Biden-VictoireGrouss Freed a vill Gléckwënsch aus der ganzer Welt

RTL Lëtzebuerg
Nodeems d'Victoire vum Joe Biden bekannt war, sinn d'Leit an den USA op d'Strooss gaangen an hu gefeiert. Aus der Politik koumen och vill Gléckwënsch.
Reaktiounen no Biden-Victoire
Nodeems d’Victoire vum Joe Biden bekannt war, sinn d’Leit an den USA op d’Strooss gaangen an hu gefeiert. Aus der Politik koumen och vill Gléckwënsch.

Nëmme Sekonnen nodeems d’US-Medien den demokratesche Presidentschaftskandidat Joe Biden als Gewënner vun de Walen an den USA deklaréiert haten, war d’Freed a ville Groussstied grouss.

Ambiance USA
Nodeems d’Victoire vum Joe Biden bekannt war, sinn d’Leit an den USA op d’Strooss gaangen an hu gefeiert. Aus der Politik koumen och vill Gléckwënsch.
Et gëtt gefeiert
Domadder ass den Joe Biden den neien a 46. US-President, d’Kamala Harris ass déi éischt Vizepresidentin.

Op de Stroosse vun New York hunn d’Leit applaudéiert, gejaut a gefeiert. Honnerten huet et op den Times Square gezunn, wou du d’Victoire gefeiert ginn ass. Vill Autofuerer sinn duerch d’Stroosse gefuer an hu getut.

D’Tëleeschaînen hunn och Biller aus Philadelphia a Pennsylvania gewisen, ob deenen Leit gefeiert hunn an hirer freet fräie Laf gelooss hunn.

Och virum Wäissen Haus zu Washington hu sech Demonstrante versammelt a sech gefreet.

© AFP

No der Victoire vum Biden fäert een an den USA awer och, datt et zu Ausernanersetzunge kéint kommen, bis ewell ass et awer bei e puer klengen Tëschefäll bliwwen.

Reaktioune vu Lëtzebuerger an den USA

Reaktioune vu Lëtzebuerger an USA
Nodeems d’Victoire vum Joe Biden bekannt war, sinn d’Leit an den USA op d’Strooss gaangen an hu gefeiert. Aus der Politik koumen och vill Gléckwënsch.

Jean Asselborn a Xavier Bettel gratuléieren

E Sonndeg de Moien huet de Staatsminister Xavier Bettel am RTL-Interview dem Gewënner-Duo gratuléiert an hinnen eng glécklech Hand gewënscht.

Extrait Xavier Bettel (1)

Den Joe Biden hätt keng einfach Missioun viru sech, fir e gedeelt Land zesummenzebréngen. D’Wiel vum Kamala Harris nennt de Xavier Bettel en Zeeche vun Ouverture grad an dësen Zäiten. Et hätt een och déi lescht Joren ënnert dem Donald Trump gutt Relatioune mat den USA gehat, déi souwuel Konkurrent wéi Handelspartner vu Lëtzebuerg sinn, mä mam Joe Biden kéint ee sech méi Calme erwaarden. Och d’Themen wéi d’Ëmwelt géife mat engem President Biden nees méi am Virdergrond stoen. Mam Demokrat géif een e Partner kréie mat deem ee méi wäit goe kéint an dee méi previsibel wier, sou de Premier um RTL-Mikro. Amerika hätt eng wichteg Roll an der Welt ze spillen.

Extrait Xavier Bettel (2)

Wirtschaftlech gesi géif och ënnert dem neie Mann am Wäissen Haus d’Promotioun vun amerikanesche Produiten am Virdergrond stoen. Wat op Käschte vun deenen Anere geet. D’Method vum Joe Biden wäert awer wuel eng aner ginn wéi déi vum Donald Trump.

Am RTL-Interview huet sech de Lëtzebuerger Ausseminister erliichtert gewisen. De Jean Asselborn erhofft sech elo eng besser international Zesummenaarbecht mam Joe Biden.

De Jean Asselborn
Am RTL-Interview huet sech de Lëtzebuerger Ausseminister erliichtert gewisen.

Interview Jean Asselborn

Dem Asselborn no wier déi politesch Demarche awer mat dëse Resultater gelaf. D’Bréifwal notamment am Pennsylvania huet de Biden däitlech no vir bruecht. Esou dass de Stëmmen-Ënnerscheed elo guer net méi esou knapp wier. Och wann déi virausgesote “Blo Well” net agetrueden ass, wier d’Resultat awer elo ganz kloer, esou de Jean Asselborn.

Weider Reaktiounen aus der Politik

International Reaktiounen
Nodeems d’Victoire vum Joe Biden bekannt war, sinn d’Leit an den USA op d’Strooss gaangen an hu gefeiert. Aus der Politik koumen och vill Gléckwënsch.

Déi däitsch Kanzlerin Angela Merkel wënscht dem neie President vill Gléck an Erfolleg.

Ënnert anerem och de franséische President Emmanuel Macron, de südkoreanesche President Moon Jae an den israelesche Premier hunn dem Joe Biden antëscht gratuléiert. De Benjamin Netanjahu huet awer an engems dem Donald Trump Merci gesot, hie wier e grousse Frënd vun Israel. Iwwerdeems hofft den Iran no der Victoire vun den Demokraten op eng aner Politik am Wäissen Haus géintiwwer Teheran.

D’EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen huet hir Gratulatioun mam Hiwäis verbonnen, d’EU an d’USA wäre “Frënn an Alliéiert, eis Bierger a Biergerinnen hunn déi déifst Verbindungen”. Si géing sech op d’Zesummenaarbecht mam Biden freeën, sou d’von der Leyen op Twitter.

Den Nato-Chef Jena Stoltenberg huet de Biden gewierdegt als ee “staarken Ënnerstëtzer vun eiser Allianz”. Op Twitter huet hie geschriwwen: “Eng staark Nato ass gutt esouwuel fir Nordamerika wéi och fir d’EU.” Den Donald Trump hat an der Vergaangenheet als US-President d’Nato-Partner méi wéi eng Kéier virun de Kapp gestouss.

Reaktiounen aus der internationaler Press

Och d’US-Zeitunge feieren den Dag no der Walvictoire vum Joe Biden an dem Kamala Harris. Den NBC-Journalist Richard Engel huet e puer Titelsäite gesammelt.

© RTL-Grafik

Back to Top
CIM LOGO