
Wéinst méiglech rietsextremen Aktiounen huet d’Demonstratioun fir de Christopher Street Day, een LGBTQ+ Event fir méi Toleranz, zu Bautzen an Däitschland misste mat enger grousser Police-Presenz ufänken. Am ganze sinn iwwer 1.000 Leit fir dës Demonstratioun an déi sächsesch Stad komm. D’Ofschloss-Party gouf vun den Organisateuren allerdéngs aus Sécherheetsgrënn ofgesot.
Gläichzäiteg gëtt et eng Géigen-Demonstratoun ënnert dem Motto “Gegen Gender-Propaganda und Identitätsverwirrung”. Do sollen eng 700 Leit gewiescht sinn.
Déi sächsesch Justizministesch Katja Meier sot, et géing si fassungslos maachen, dass esou een Event misst ofgesot gi wéinst rietsextremer Mobiliséierung. Op anere Parade fir de Christopher Street Day koum et an de leschte Wochen ëmmer nees zu Attacken.