
A Kopenhagen soll et ee Protestzuch bis bei d’US-Ambassade ënnert dem Motto “Hänn ewech vu Grönland” ginn. A Grönland stinn d’Protester ënnert dem Motto “Grönland de Grönlänner”.
Den Trump hat an de leschte Wochen ëmmer nees een US-Besëtz-Usproch op Grönland erhuewen an dat mat den nationale Sécherheetsinteressen vun den USA an der Arktis begrënnt. Rieds war dovun, d’Insel ze kafen, ma och militäresch Gewalt huet den US-President net ausgeschloss.
Wéinst de Menacen vum US-President hat en Donneschdeg eng militäresch Reconaissance-Missioun vun enger Rei NATO-Länner a Grönland ugefaangen, un där zum Beispill och déi däitsch Bundeswehr bedeelegt ass. Virdru gouf et ee Krisentreffe vun den Ausseminister vun Dänemark a Grönland mam US-Vizepresident JD Vance an Ausseminister Marco Rubio zu Washington. Dat ass allerdéngs ouni Resultat bliwwen. Grönland gehéiert als autonoomt Gebitt zu Dänemark, dat wéi d’USA Member vun der NATO ass.