No Mord u ProcureurGroussasaz vun ecuadorianescher Arméi a Prisong

RTL Lëtzebuerg
D'Police an d'Arméi hunn zu e puer Honnert Leit de Prisong an der Hafestad Guayaquil gestiermt.
© AFP

Journaliste vun der AFP konnten um Donneschdeg de Moie Panzer um Terrain vum Prisong stoe gesinn an d’Arméi selwer huet e Video publizéiert, andeem ee gesäit, wéi schwéier arméiert a vermummt Zaldoten an de Prisong andréngen. Vun den Autoritéite goufen awer keng weider Detailer bekannt gemaach.

Zanter dem Ausbroch vum Drogen- a Bandeboss José Adolfo Macias alias “Fito” virun zwou Wochen, steet d’Land enger Well vu Gewalt géintiwwer. De President Noboa, deen der organiséierter Kriminalitéit scho an senger Campagne fir d’Presidentiellen de Krich erkläert hat, huet doropshin eng Ausgangsspär ausgeruff. Zanter deem hunn och d’Banden zeréckgeschloen a Revolten an de Prisongen ugefaangen, Geisele geholl an Attentater duerchgefouert. Bis ewell sinn op d’mannst 20 Leit hinnen zum Affer gefall.

E Mëttwoch du gouf e Procureur vum Parquet, deen am Fall vun der Geiselnam am Studio vun enger Tëleeschaîne ermëttelt huet, an der Hafestad Guyaquil ëmbruecht. Den Autoritéiten no gouf hien a sengem Auto erschoss, d’Police huet och schonn zwee Verdächteger festgeholl.

Back to Top
CIM LOGO