A SyrienGroussbritannien a Frankräich hu Loftattacken op den IS duerchgefouert

Andy Brücker
Zil vum Asaz wier et gewiescht ze verhënneren, dass d'Terrormiliz nees aktiv gëtt.
Archivfoto vu britteschem Eurofighter Typhoon
© YORICK JANSENS/Belga via AFP

Groussbritannien a Frankräich hunn an enger gemeinsamer Operatioun eng ënnerierdesch Installatioun vum “Islamesche Staat” a Syrien zerstéiert. D’Zil war, en neit Opbléie vun der Terrormiliz ze verhënneren. Den Ugrëff, bei deem Lenkbommen agesat goufen, huet Zougangstunnelen zu engem Depot mat Waffen a Sprengstoff zerstéiert. Éischten Erkentnisser no wier d’Missioun e Succès gewiescht.

D’Gebitt war net bewunnt an d’brittesch Regierung huet betount, d’Aktioun géif d’Entschlossenheet vun den Alliéierten weisen, all Comeback vum IS am Noen Osten ze stoppen.

Back to Top
CIM LOGO