Covid-MesurenGroussstied uechter Frankräich renforcéiere Maskeflicht

RTL Lëtzebuerg
Wie géint dës Mesure verstéisst, muss mat enger Geldstrof vun ëm déi 135 Euro rechnen.

Nodeems Paräis an Nice hir Pläng ugekënnegt hate, d’Maskeflicht am Stadzentrum, respektiv och a Parken a chargéierte Stroossen zu Paräis, rëm wëllen ze renforcéieren, hunn elo och Lyon an Toulouse änlech Pläng matgedeelt.

Fir de séier steigenden Zuelen u Covid-Infizéierten entgéintzewierken, féiert vun e Freideg u kee Wee méi laanscht eng Mask, wann een zu Toulouse ënnerwee ass. Zu Lyon gëllt dës Reegel momentan just fir staark beliefte Stroossen.

Des Weideren ass d’Mask och a Geschäfter an a ëffentleche Transportmëttele Flicht. Vu September u sollen dann och Entreprisen ënner dës Reegelung falen.

Back to Top
CIM LOGO