RusslandGrousst Feier an engem Munitiounslager

RTL Lëtzebuerg
An der Géigend vun der russescher Stad Rjasan koum et an engem Munitiounslager zu engem gréissere Feier. Et koum och zu enger Rëtsch Explosiounen.

Et gouf kee blesséiert, sou e Spriecher vun der russescher Arméi.

De Berichter no goufen insgesamt 10 Dierfer am Ëmkrees vu 5 Kilometer evakuéiert. Méi wéi 1.600 Mënsche goufe soumat a Sécherheet bruecht.

Back to Top
CIM LOGO