MedieberichtHamas soll Attentater an Däitschland geplangt gehat hunn

RTL Lëtzebuerg
Et wieren déi israeelesch Ambassade zu Berlin an eng US-Militärbase a Rheinland-Pfalz viséiert gewiescht, mellt d'däitsch Zeitung "Welt am Sonntag".
© AFP/Odd ANDERSEN

Déi radikal-islamistesch Palestinenserorganisatioun Hamas soll an Däitschland eng Partie Attentater geplangt gehat hunn. Um Handy vun engem presuméierten Hamas-Member wier Kaartematerial vun deene verschiddene potenziellen Ziler fonnt ginn. D’Attentatspläng ginn op dat lescht Joer zeréck.

Am Ganze si véier Persoune festgeholl ginn. Si solle Kontakter zum libanesesche Militär gehat hunn. Dem Bericht vun der “Welt am Sonntag” no soll ee gebiertege Libanees schonn am Dezember 2023 zu Berlin festgeholl gi sinn, woubäi och säin Handy saiséiert an d’Material entdeckt gouf. Déi dräi aner presuméiert Hamas-Membere sollen him bei der Sich no méiglechen Ziler gehollef hunn.

De Generalbundesanwalt huet sech zu de Faiten nach net weider geäussert. Ee Spriecher huet op lafend Ermëttlunge verwisen.

Back to Top
CIM LOGO