Am MaliHéichrangegen Al-Kaida-Member duerch franséisch Arméi gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Am westafrikanesche Mali huet de franséische Militär eegenen Informatiounen no en héichrangege Member vum Al-Kaida-Terror-Reseau ëmbruecht.
Franséisch Zaldoten am Mali
Franséisch Zaldoten am Mali
© AFP Archiv

De Mann wier bei engem Asaz am Norde vum Land erschoss ginn, huet d’Arméi matgedeelt. Den Islamist wier fir d’Koordinatioun vun de Finanzen an der Logistik am Maghreb zoustänneg gewiescht.

Beim Bombardement am Mali sinn och zwee Zaldote vun der Uno-Missioun-Minusma ëm d’Liewe komm. E Spriecher huet erkläert, datt si mat hirem Won op eng Sprengstof-Fal gefuer sinn. Véier weider Zaldote vun der Uno wiere blesséiert. Aus Sécherheetskreesser heescht et, datt d’Affer Zaldoten aus Ägypten waren.

Back to Top
CIM LOGO