Soll Attentater vum 7. Oktober geplangt hunnHéichrangegen Hamas-Member duerch israeelesch Loftattack op Gaza ëmbruecht ginn

AFP
Iwwersat vun RTL Lëtzebuerg
Nodeems zwee israeelesch Zaldoten duerch en Hamas-Sprengsaz blesséiert goufen, huet Israel en héichrangege Member vun der Organisatioun mat engem Loftugrëff ëmbruecht.
© MICHAEL GILADI/Middle East Images via AFP

Den israeelesche Militär huet eegenen Aussoen no an der Gazasträif en héichrangegen Hamas-Member ëmbruecht. Wéi et vun den Autoritéiten heescht, wier bei der Dronenattack de Raad Saad am Viséier gewiescht, en Terrorist, deen zënter Méint géing versichen, d’Capacitéite vun der Hamas nees opzebauen an d’Produktioun vu Waffen ze relancéieren.

Medieberichter no kéint et sech ëm e Kommandeur handelen, dee beim Plang fir d’Attacke vum 7. Oktober 2023 d’Haaptroll soll gespillt hunn. D’Attack wier ordonéiert ginn, nodeems zwee israeelesch Zaldoten duerch e Sprengsaz liicht blesséiert goufen, sou d’Autoritéite weider.

Back to Top
CIM LOGO