Rout Kräiz"Hëlleft ons hëllefen an der Welt"

Jeannot Ries
Sou den Appell vum Lëtzebuerger Roude Kräiz, um Ament wou an Europa d'Covid-19-Pandemie beschäftegt.
Rout Kräiz
“Hëlleft ons hëllefen an der Welt”

“Dat ass einfach eng aner Dimensioun, wéi déi, déi mir hei duerch de Covid hunn. Hei leit keen Honger duerch de Covid” D’Vize-Presidentin vum Lëtzebuerger Route Kräiz, Rita Krombach, hëlt hei als Referenz déi aktuell Situatioun an der Sahel-Zon. Do, wou et déi lescht Wochen souvill gereent huet, wéi Joren net méi. 1,7 Millioune Mënschen si betraff. Dovun eleng der iwwer 430.000 am Niger. Engem vun den äermste Länner weltwäit, dat zanter iwwer 25 Joer, besonnesch vun der Lëtzebuerger Kooperatioun ënnerstëtzt gëtt.

Politesch Kris, d’Terroriste vu Boko Haram, d’Auswierkunge vum Klimawandel, elo och nach d’Pandemie vum Covid mat virop engem wirtschaftlechen Impakt. Am Niger sinn d’Auswierkungen vun all dësen Problemer op Schratt an Tratt ze gesinn. “D’Situatioun ass ëmmer eng immens komplex” sou de Lëtzebuerger Max Steffen. " Dëst Joer ass se nach méi spezifesch”, sou de Mataarbechter vum Roude-Kräiz.

En Terrain, deen d’Mataarbechter vum Lëtzebuerger Roude-Kräiz gutt kënnen. Den Ament ass eng Ekipp op der Plaz. Fir an deem Beräich ze hëllefen, wou een et am beschte kann.

“Dat heescht fir de Leit, wa se den Daach iwwert dem Kapp verluer hunn ze hëllefen. Mir hunn do iwwer déi lescht Joren, zesumme mat de lokale Populatiounen, e speziellen Typ u Shelter entwéckelt. Deen heescht Sahel-Shelter. En ass ugepasst un déi kulturell Eegenschafte vun de Populatiounen dohannen”, sou de Max Steffen, Project Manager beim Lëtzebuerger Roude Kräiz.

Zwee där Touareg-Zelter kënnen an engem Dag opgebaut ginn. Käschtepunkt pro Hütt, ëm déi 280 Euro. Geld, wat a Covid-Zäiten, och hei zu Lëtzebuerg nei einfach ze mobiliséieren ass.

“Mir hunn d’Chance, datt mer duerch de Ministère vun der Kooperatioun ënnerstëtzt ginn. Mä et ass net, datt mer einfach déi Suen sou kréien, wa mer froen. Mir musse schonn ee Fënneftel vum Besoin, dee mer hunn duerch Spende vun de Leit erbäikréien. Wa mer déi Suen dann hunn, da kënne mer beim Ministère froen oder der Europäescher Agence Echo” sou d’Rita Krombach

“Hëlleft ons Hëllefen, an der Welt” mat där Campagne riicht sech d’Lëtzebuerger Rout-Kräiz den Ament un d’Leit. Fir dat d’Ekipp vun 20 Leit weltwäit hëllefe kann. E Lëtzebuerger Know-How, deen international unerkannt ass, sou d’Vize-Presidentin vum Lëtzebuerger Roude Kräiz. Virop an Afrika.

PDF Schreiwes

Back to Top
CIM LOGO