
“Wann de Feind denkt, ee Krich géint de Libanon ze féieren, wäerte mir ouni Zréckhalung, ouni Reegelen, ouni Grenzen an ouni Aschränkung kämpfen”, esou den Hassan Nasrallah an enger Ried op der Tëlee e Mëttwoch. “Mir hu keng Angscht viru Krich.”
D’Ried kënnt een Dag, nodeems de Vizechef vun der Hamas an der libaneesescher Haaptstad Beirut dout gemaach ginn ass. Déi libaneesesch Autoritéiten an d’Hamas geheien Israel vir, hannert dem Ugrëff ze stiechen.
Zanter dem Ufank vum Krich an der Gazasträif gräift och d’Hisbollah Israel aus dem Südlibanon bal deeglech un. Elo wiisst International awer d’Angscht, datt sech de Krich no der Attack zu Beirut och op de Libanon kéint ausbreeden.
An deem Kader huet dat Auswäertegt Amt an Däitschland seng Bierger e Mëttwoch den Owend dozou opgeruff, de Libanon esou séier wéi méiglech ze verloossen. Däitsch Staatsbierger, déi sech nach am Land ophalen, solle sech op der Kriselëscht registréieren an d’Land verloossen, well “eng Eskalatioun tëscht Israel an dem Libanon” net auszeschléissen wier.
Vum Lëtzebuergeschen Ausseministère gëllt zanter Enn Oktober eng verschäerfte Reeswarnung fir de Libanon. Eng Opfuerderung zur Ausrees gouf allerdéngs nach net prononcéiert.