
D’Gesondheetswiesen dierft net u seng Belaaschtungsgrenz kommen, dowéinst huet déi hollännesch Regierung misse Moossnamen ergräifen. Dëst Joer dierfe weder Rakéiten, nach Knupperte verkaf oder ugemaach ginn, huet de Ministerpresident Mark Rutte ugekënnegt.
D’Spideeler wieren elo schonn zum Deel un hir Limitte komm. Dowéinst warnt d’Police, dass Plazen, wou éischt Hëllef geleescht gëtt, ëmmer op Silvester iwwerlaascht sinn. Mat Bléck op déi aktuell Lag wier et ëmsou méi schwéier, all d’Patienten ze behandelen.
Eleng d’lescht Joer goufen et an Holland 9.300 Virfäll wéinst Freedefeier, 385 Mënschen hu missen an d’Urgence, well si duerch Feierwierkskierper blesséiert goufen. Eleng 168 Blessuren un Aen goufen an deem Kontext gemellt.
Fir d’Feierwierk-Industrie z’ënnerstëtzen, gouf en Hëllefspak vu 40 Milliounen Euro vun der hollännescher Regierung annoncéiert. Vill Händler fäerten allerdéngs grouss Verloschter, well si scho Material kaf hunn an elo op der Wuer festsëtzen.
