164 Puer Schong virum KapitolHommage un Infirmièren, déi um Coronavirus gestuerwe sinn

RTL Lëtzebuerg
Zu Washington ass en Dënschdeg den Infirmièrë geduecht ginn, déi dem Coronavirus zum Affer gefall sinn.

Virum Kapitol goufen 164 Puer wäiss Schong verdeelt. All Puer symboliséiert ee Corona-Doudesfall. Virun 2 Méint goufen 88 där Schong op der Wiss virum Sëtz vum Kongress higestallt.

D’Regierung an de Kongress hätte beim Schutz vum Gesondheetspersonal wärend der Pandemie versot, kritiséiert d’Stephaie Simms, eng vun den Infirmièren, déi an der Haaptstad schafft an zesumme mat hire Kolleeginne dës Hommage-Aktioun an d’Liewe geruff huet.

A kengem anere Land op der Welt ginn den Ament esou vill Corona-Fäll gemellt. Zanter iwwer enger Woch zielt d’USA pro Dag iwwer 60.000 Neiinfektiounen. Iwwer 141.000 Persounen hunn net iwwerlieft.

Méi Detailer iwwert d’Situatioun an Amerika kënnt Dir hei noliesen.

Back to Top
CIM LOGO