
Op Uerder vun der US-amerikanescher Aviatiouns-Administratioun FAA mussen honnerte Boeing 737 Max–Fligeren ënnert d'Lupp geholl ginn. Dat huet den US-Sender CNN e Freideg gemellt. Et kéinte Rëss um Kierper vun de Maschinne ginn, d'Struktur kéint beschiedegt sinn. Schätzungsweis si 471 Boeing-Modeller, déi an den USA registréiert sinn, vun der Direktiv betraff.
Bei e puer Fligeren goufen effektiv Rëss fonnt un enger Verstäerkung ronderëm eng Service-Dir op der rietser Säit vun der Maschinn, esou d‘FAA.
Den US-amerikanesche Produzent Boeing huet annoncéiert, d'Situatioun z'analyséieren an huet ingenieurtechnesch Changementer an Aussiicht gestallt.
Kloer ass och: Déi concernéiert Fligere mussen net um Buedem bleiwen. Si mussen der FAA-Direktiv no vum 10. September u verstäerkt op méiglech Rëss iwwerpréift ginn. Feeler mussen ausgebessert ginn.
Concernéiert sinn och 737-8 Max–Maschinnen. Esou eng hat d'Luxair jo eréischt am Juli ganz nei geliwwert kritt.

Ob och Maschinnen, déi an Europa verkaaft a geliwwert goufen, dee Problem eventuell kéinten hunn, respektiv iwwerpréift musse ginn, geet aus dem Artikel vun der CNN net ervir.