
Konkreet wiere "400 Millioune Captagon-Tabletten, 12,2 Tonnen Haschisch souwéi 2,3 Tonne Cannabisplanzen, sechs Kilogramm Heroin a 5,4 Milliounen Tablette mat Déidungsmëttel" zerstéiert ginn, esou d'Noriichtenagence Sana, déi dobäi d'Autoritéit fir Drogebekämpfung zitéiert.
Och wieren Hëllefsmëttel fir d'Produktioun, dem Transport an dem Verkaf vun Drogen zerstéiert ginn, "cheemesch Substanzen" inclus. D'Géigestänn wiere bei enger Rei Asätz séchergestallt ginn.
Ënnert dem am Dezember 2024 gestierzte Staatschef Baschar al-Assad war Syrien den Haaptproduzent vu Captagon am Noen Osten. Déi nei islamistesch Regierung am Land huet der Drog awer elo de Kampf ugesot. Catagon ass een an de 60er Joren als Medikament entwéckelten Amphetamin, dee séier ofhängeg mécht. Virun allem a Saudi-Arabien gëtt Captagon als Partydrog verkaf.