
D'Huthi-Rebellen am Jemen sollen e Mëttwoch eegenen Aussoen no e saudi-arabesche Kampfjet ofgeschoss hunn. Wéi et vun de Rebellen heescht, wier de Fliger am Loftraum iwwert der Provënz Marib ënnerwee gewiescht an hätt do feindlech Operatiounen duerchgefouert. Den Jet wier mat enger Rakéit ofgeschoss ginn, déi am Jemen produzéiert ginn ass, sou e Spriecher vun den Huthi.
Iwwerdeems dementéieren d'Rebellen, eng Attack op déi helleg muslimesch Sitten zu Mekka lancéiert ze hunn. Eng Meldung vu Saudi-Arabien, dass een eng Dron vun de Rebellen ofgefaangen hätt, déi ënnerwee op Mekka war, wier falsch. D'militäresch Operatioune vun de Rebelle géife sech op Pëtrolslageren a Militärbase fokusséieren, déi wäit fort vun den hellege Sitte géife leien.
D'Tensiounen am Noen Osten hu rezent zougeholl. Dat nodeems d'Huthi-Miliz déi wichteg Mieres-Stroos Bab al-Mandab ënner hir Kontroll bruecht huet, e wichtege Passage fir ënnert anerem Pëtrol aus Saudi-Arabien.