
3 vun de 4 Auteuren hu sech no der Publikatioun zu Wuert gemellt a gesot, si hätten d’Zweiwel un den Donnéeën net kënne widderleeën. D’Etüd, déi den 22. Mee an der Zeitung “The Lancet” publizéiert gi war, war zur Konklusioun komm, datt d’Malaria-Medikament warscheinlech net fir den Asaz u Corona-Patiente gëeegent wier, an éischter souguer d’Mortalitéit eropschrauwe kéint.
Wéinst dësen negative Resultater waren eng Rei Fuerschungsetüde mat Hydroxychloroquin ausgesat ginn. Nom negativen Avis vun der Weltgesondheetsorganisatioun an der Publikatioun vun der Etüd, hat och d’Lëtzebuerger Santé matgedeelt, datt Hydroxychloroquin net méi dierf an der Etüd Discovery agesat ginn. Dës Etüd läit den Ament souwisou op Äis, well den Ament keng Corona-Patiente méi am CHL behandelt ginn.
D’WHO hat schonn e Mëttwoch matgedeelt, datt d’Tester mat Hydroxychloroquin bei Covid-Patiente kéinte weidergoen.
Hydroxychloroquin war an der Lescht vill mediatiséiert ginn, och well den US-President Donald Trump doranner e Wonnermëttel gesäit, dat hien, eegenen Aussoen no, präventiv hëlt.