
Dat no engem defavorabelen Avis vun der Santé an neien Erkenntnisser vun der Weltgesondheetsorganisatioun. Zanter Mäerz haten d’Dokteren a Frankräich d’Méiglechkeet, fir d’Malariamedikament bei schwéiere Fäll anzesetzen.
D’WHO hat e Méindeg annoncéiert d’Tester mat Hydroxychloroquin wéinst Sécherheetsbedenken virleefeg ze stoppen. D’Medikament hätt massiv Niewewierkungen a géif méiglecherweis d’Stierflechkeet souguer verschlëmmeren. Indien a Brasilien recommandéieren entgéint dëser Warnung d’Medikament offiziell an der Lutte géint d’Corona-Pandemie.
Och zu Lëtzebuerg gouf den Hydroxychloroquin bis elo bei ganz schwéiere Krankheetsverleef bei Corona-Patienten agesat.
Déi franséisch Regierung huet iwwerdeems ee weidert Medikament baussent klineschen Tester bei Covid-19 Patienten nees verbueden. Hei geet et ëm en anti-retroviraalt Medikament, dat a Frankräich ënnert dem Numm “Kaletra” kommerzialiséiert gëtt a bei deem d’WHO eng Warnung wéinst Risike fir d’Häerz erausginn huet.
Wéi gëtt Hydoxychloroquine zu Lëtzebuerg agesat?
Wéi gi Covid-19 Patiente behandelt?