Schued a Milliounen-HéichtIdentitéit vu Bekanntheeten ergaunert a Corona-Hëllefen agesäckelt

RTL Lëtzebuerg
E 24 Joer ale Mann vun New York huet d'Identitéit vu bal 100 Prominenter ugeholl an esou Milliounen akasséiert. Elo gouf hien ugeklot.

De Mann, gebierteg aus Taiwan, huet sech mam Geld dat hien esou ergaunert huet ënnert anerem e Mercedes, en 40.000 Dollar deier Rolex aus Gold an aner Luxusartikele geleescht, esou de Parquet vu New York. Also keng Spuer vu Spenden, déi vir benevol Zwecker agesat ginn. Hien huet och e Luxus-Appartement fir 17.000 Euro de Mount gehat an ass reegelméisseg, bei Louis Vuitton, Chanel, Burberry, Gucci, Christian Louboutin an Yves Saint-Laurent akafe gaangen. Hien huet och 880.000 Dollar op Konten an Taiwan, Groussbritannien, Südkorea a Singapur iwwerwisen.

Ënnert anerem fir méi staatlech Hëllefe vir seng Firma ze kréien, huet de hien d’Identitéit vu 90 prominent Persounen ugeholl, ënnert anerem déi vun engem Moderator vu “Good Morning America”, engem Football-Trainer, dee mëttlerweil schonn dout ass a enger ganzer Partie aner Sportler. Am ganzen huet hien dunn vir iwwer 200 Mataarbechter vu senger Firma, déi guer net existéiert hunn, Kreditter an Héicht vu 7 Milliounen Dollar ugefrot. 2,8 Millioune goufen tatsächlech och un hien ausbezuelt.

Dës Corona-Kreditter gëtt jo vun der US-Regierung finanzéiert, sou dass trotz der Pandemie Firmen hir Mataarbechter bezuele kënnen. Dës Kreditter kënnen dann a Subventiounen ëmgewandelt ginn. De Mann aus New York hat awer nëmme 14 Mataarbechter a keng 200.

Et ass dann och net déi éischte Kéier gewiescht, wou eng Persoun dat probéiert huet. Hei war et e Mann aus Texas, dee sech dono eng Rolex an e Lamborghini fir 200.000 Dollar kaf huet.

Back to Top
CIM LOGO