
De Supreme Court huet um Méindeg decidéiert, datt dëst Sträiche vum Numm vum Donald Trump op dem Walziedel am Staat Colorado juristesch net richteg war. Domadder huet dëst Iewescht Geriicht de Wee fräigemaach fir de republikanesche Presidentschaftskandidat, een Dag virum “Super Tuesday”, wou a 16 US-Staate Virwalen ofgehale ginn.