
Eng Theorie déi ëmmer nees opkënnt, ass déi vun de Mikrochippen am Vaccin. Wéinst dëser Theorie gëtt de Microsoft Grënner, Milliardär a Geldgeber vu villen Impfprogrammer weltwäit Bill Gates ëmmer nees ugefeint, attackéiert a souguer menacéiert. D’Theorie beseet, datt de Gates wëll mat der Impfung e Mikrochip an d’Mënschen aplanzen an dowéinst géif et d’Corona-Pandemie iwwerhaapt emol eréischt ginn. Beweiser dofir ginn et keng an och vun der Bill a Melinda Gates Foundation heescht et, datt dës eng komplett falsch Behaaptung wier.
An awer gleewen enger Ëmfro no ronn 28 Prozent vun den Amerikaner, datt dëst Wouer wier. BBC ass an hirem “Reality Check” hei awer kloer, dëst ass eng Falschmeldung.
Vill verbreet an och grad an den USA ënnert den Trump-Supporter ass d’Theorie, datt d’Impfung d’DNA vun de Leit soll veränneren. Déi sozial Medien a grad Facebook si voll vun dësen Aussoen. Fir dësem Rätsel op de Grond ze goen, huet BBC mat dräi verschiddenen Wëssenschaftler iwwert dës Verschwierungstheorie geschwat. Och hei d’Resultat: Et ass näischt drun un dësen Aussoen.
Hei geet een awer éischter dovunner aus, datt et e Malentendu gëtt. Wuel sinn am Vaccin Spuer vun der RNA vum Virus, also dem Geenmaterial, ma dat engem Mënsch ze sprëtzen, géif net deem seng DNA veränneren, heescht et vum Professer Almond vun der Oxford University.
Eng grouss Gefor geet da vun dëser Theorie aus. Kredibel Informatioune zum Thema hunn et schwéier, bei de Leit unzekommen, well déi deels vill méi komplex sinn, wéi d’Verschwierungstheorie. An dat suergt dofir, datt d’Vertrauen an d’Impfungen erofginn, esou d’Claire Wardle, déi e Rapport iwwert d’Mythen an de soziale Medien iwwert d’RNA-Technologie geschriwwen huet.
Grad d’Impfunge vu Pfizer a BioNTech, déi deemnächst op de Marché kéinte kommen, sinn dacks Thema an de soziale Medien, virun allem nees an den USA. D’Korrespondentin aus dem Wäissen Haus Emerald Robinson hat hei an engem Tweet behaapt, datt ronn 75 Prozent vun de Probanten Niewewierkungen haten.
Niewewierkunge si bei Vaccinen awer näischt Anormales. Dachs spiere Leit eng kuerz Zäit en Effekt vun der Impfung, sief et wéi op der Plaz, wou ee geimpft gouf, Kappwéi, Féiwer oder Middegkeet. Dëst ass souwuel bei de Leit, déi d’Corona-Impfung an der Testphas kruten, wéi awer och bei villen aneren Impfungen de Fall. A seelene Fäll ginn et méi uerg Niewewierkungen.
Un der Ausso vun der Madamm Robinson ass just net kloer, wéi si op déi 75 Prozent kënnt. Eenzeg an enger Altersgrupp gouf et méi en héije Prozentsaz u Leit, déi liicht Niewewierkunge vun der Impfung haten, all d’Daten zu der Analyse gouf bis ewell nach net publizéier, ma op d’mannst Pfizer hat scho matgedeelt, datt si an hire Studien keng seriö Niewewierkunge konnten observéieren. BBC hat souguer bei der Emerald Robinson nogefrot, wou si déi Zuel hier hätt, krut awer dorobber keng Äntwert.