Zanter bal zwou Wochen agespaartIndesch Aarbechter an agestierztem Tunnel kéinten nach e Freideg fräikommen

RTL Lëtzebuerg
Just nach ronn 14 Meter feelen, da kéinten déi indesch Aarbechter endlech nees ënner fräiem Himmel stoen.
© AFP/Arun SANKAR

An Indien hoffen d’Autoritéiten an d’Secouristen, datt déi 41 Aarbechter, déi zanter dem Tunnelkollaps viru ronn zwou Wochen am Däischteren agespaart sinn, datt si nach e Freideg kënne gerett ginn. Just nach ronn 14 Meter géife feelen, da kéinten d’Aarbechter gebuerge ginn, esou ee Regierungsspriecher am Bundesstaat Uttarakhand am Norde vun Indien. Nach ass allerdéngs näischt an dréchenen Dicher. Ënnert anerem technesch Problemer kéinten d’Rettungsaktioun ëmmer nach verzögeren. Och de schwieregen Terrain ronderëm den Tunnel, deen am Himalaya läit, kéint weider Probleemer maachen.

Trotzdeem - Familljememberen a Frënn vun den 41 agespaarten Aarbechter hoffen op e geschwënn Enn vum Drama an hu sech scho ronderëm den Tunnel versammelt. Och eng medezinesch Ariichtung gouf op d’Bee gestallt, fir datt d’Aarbechter direkt versuergt kënne ginn, esoubal se nees dobausse sinn.

Den 12. November war den nei gebauten Tunnel an de Koup gefall an hat ‘Aarbechter bannendran agespaart. Fir si aus hirer mësslecher Situatioun ze befreien, si Rettungsteams zanterhier domat beschäftegt, ee stolent Rouer duerch d’Gestengs ze drécken, duerch deen d’Aarbechter evakuéiert solle ginn.

Experten haten de Bau vum 4,5 Kilometer laangen Tunnel kritiséiert, well d’Regioun am Himalaya geologesch onstabil ass. Duerch de Klimawandel géife Stierm mat Iwwerschwemmungen an Äerdrutscher an der Géigend iwwerdeems zouhuelen, esou datt esou grouss Infrastruktur-Projete mat nach méi Risike verbonne wieren.

© AFP/Arun SANKAR

Back to Top
CIM LOGO