Net genuch BetterIndien stéisst an der Corona-Pandemie u seng Grenzen

RTL Lëtzebuerg
An Indien geet d'Zuel vun de Leit, déi de Coronavirus hunn, ëmmer weider an d'Luucht an dofir kënnt de Gesondheetssystem am Land u seng Grenzen.

Besonnesch schro huet et d’Haaptstad New Dehli erwëscht. Bis Enn Juli kéinten do iwwer 80.000 Spidolsbetter gebraucht ginn.

Indesch Medie mellen, datt et Leit am Land gëtt, déi um Virus stierwen, well se net zur Zäit richteg behandelt ginn.

All Dag ginn iwwer Dausend nei Infektiounsfäll gemellt. An Tëschenzäit gouf de Virus an Indien béi méi wéi 300.000 Mënschen nogewisen an et si knapp 9.000 Leit dru gestuerwen.

Experten zweiwelen awer un deene Chifferen a gi vun enger Donkelziffer aus, déi däitlech méi héich ass.

Back to Top
CIM LOGO