BrasilienIndigene Populatioun: De Bolsonaro wëll eis mam Virus fäerdeg maachen

RTL Lëtzebuerg
A Brasilien huet de Coronavirus scho vill Affer gefuerdert, dat och an der indigener Populatioun. An déi kritiséiert elo de President.

An de Reebëscher heescht et, de rietskonservative President Jair Bolsonaro géif de Coronavirus benotzen, fir déi indigene Populatioun stierwen ze loossen. Dës Brasilianer si vill méi schwéier vum Virus getraff, wéi déi aner Populatioun. Si si vill méi vulnerabel an de Mortalitéitstaux ass bei hinnen duebel esou héich.

D’Politik hätt bis ewell nach näischt gemaach fir ze hëllefen, sou de Raoni Metuktire, ee bekannten indigene Chef. Seng Leit hätten Accès zu enger ganz schlechter medezinescher Versuergung a bis elo wier nach näischt geschitt, fir dat ze änneren.

D’franséisch Associatioun “Planète Amazon” huet 43.000 Euro Spende gesammelt, fir den Einheimeschen am Lockdown ze hëllefen a si mat Iessen ze versuergen.

Zënter laangem gëtt dem Bolsonaro seng Politik vun der indigener Populatioun kritiséiert. Virop, well hien ëmmer méi Reebësch ofholze wëll fir Landwirtschaft a Minnen. Donieft gëtt hien am ganze Land wéinst senger Corona-Politik kritiséiert, well hien den Impakt vum Virus ëmmer nees minimiséiert. Brasilien zielt ewell 34.000 Corona-Doudeger, déi drëttmeescht hannert den USA a Groussbritannien.

De brasilianeschen President Jair Bolsonaro huet gedreet, dass säi Land aus der Weltgesondheetsorganisatioun géing austrieden.

Um Freiden huet hie viru Journalisten gesot, dass seng Regierung dobäi wier, den Austrëtt vun den USA ze analyséieren. Den US-President Trump hat jo virun enger Woch den Austrëtt ugekënnegt. “Entweder d’WHO schafft ouni ideologesch Virurteeler oder mir ginn och”, esou de Bolsonaro.

Den brasilianeschen President steet wéinst sengem Ëmgang mat der aktueller Pandemie staark an der Kritik. Hien huet ënnert anerem d’Beschränkungen, déi vun de Bundesstaaten ordonéiert goufen, ofgeleent, well d’Wirtschaft dorënner leit.

Back to Top
CIM LOGO