WHO warntInfektioune wäerten am Wanter nees klammen

RTL Lëtzebuerg
Wann de Summer eriwwer ass, an et nees lues a lues méi kal dobaussen gëtt, wäerten och d’Corona-Infektiounen nees méi séier klammen.

Dat geet aus enger Nott vun der Weltgesondheets-Organisatioun ervir.

Et wéisst ee mëttlerweil, dass de Virus sech dobausse manner gutt ka verbreeden, wéi an zouene Raim. Genee do wäerte sech awer nees méi Leit ophalen, wann de Summer eriwwer ass, prognostizéiert d’WHO, ouni Länner-spezifesch Zuelen ze nennen.

D’Course géint de Virus wier e Marathon, kee Sprint, an dohier misst all europäescht Land sech bewosst sinn, dass d’Ustiechungsgefor am Hierscht nees dierft klammen, heescht et vu Genève.

Back to Top
CIM LOGO