
De Grond dofir ass eng Sub-Variant vum Omikron. “BA.2" heescht d’Variant vum Omikron, déi momentan dofir suergt, datt d’Corona-Zuelen a ville Länner erëm klammen. Éischten Etüden no soll se 30% méi ustiechend si wéi déi éischt Omikron-Variant. Souwuel an England, Holland, Frankräich wéi och an Däitschland weisen d’Zuelen, datt d’Sub-Variant de Gros vun den Neiinfektiounen ausmécht. A Frankräich goufe bannent de leschte 24 Stonne bal 75.000 Neiinfektioune registréiert, den Dag virdru waren et der nach ënner 70.000. Nodeems d’Zuelen am Februar erofgaange waren, si se elo zanter enger Partie Deeg also erëm um klammen. Bis ewell huet dat bei eise franséischen Noperen awer keen Impakt op d’Hospitalisatiounen.
An Däitschland ass d’Situatioun änlech. De Robert-Koch-Institut huet en Donneschdeg mat ronn 263.000 Neiinfektiounen en neie Rekordchiffer gemellt. 249 Mënsche sinn am Zesummenhang mam Coronavirus gestuerwen. Dem Wochebilan vum RKI no ass d’Hausse vu de Covid-19-Fäll engersäits drop zréckzeféieren, datt de BA.2 vum Omikron méi liicht iwwerdrobar ass, mee och duerch d’Lockerunge vun de Mesuren.
An der Belsch da klëmmt iwwerdeems d’Zuel vun den Hospitalisatioune liicht. Iwwert déi lescht Woch ass och de Chiffer vun den Neiinfektiounen ëm 15% geklommen, mat an der Moyenne ronn 7.000 Neiinfektiounen pro Dag. Den Reproduktiounstaux bei eise belschen Nopere läit aktuell bei 1,02 - en Indicateur dofir, datt d’Epidemie sech weider ausbreet.