Den Ukrain-Krich a seng Konsequenzen hunn en Impakt op d’Wirtschaft an deemno och op Budgetspolitik vun enger Rei europäesche Regierungen. Op engem Ament, wou kee Wee laanscht grouss Strukturreforme féiert. Dat suergt fir politesch Instabilitéit. Um Beispill vu Frankräich, wat innepolitesch zanter annerhallwem Joer net zur Rou kënnt. D’Land fänkt dat neit Joer un, ouni dat e Budget gestëmmt gouf. déi geplangt Pensiounsreform gouf souguer bis 2028 op Äis geluecht.