EthiopienInterne Konflikt kéint ganz Regioun destabiliséieren

RTL Lëtzebuerg
Esou solle Rakéiten aus der Regioun Tigray op déi d'Haaptstad vum Nopeschland Eritrea geschoss gi sinn.
Dausenden Ethiopier flüchten aus der Regioun
Dausenden Ethiopier flüchten aus der Regioun
© AFP

De Konflikt tëscht der ethiopescher Regierung an der ethiopescher Regioun Tigray riskéiert sech op d’Nopeschland Eritrea auszebreeden an domadder, wéi schonn gefaart, déi komplett Regioun um Horn vun Afrika, ze destabiliséieren.

Diplomate mellen, dass aus Tigray Rakéiten op déi eritreeësch Haaptstad Asmara geschoss goufen an dës wären net wäit vum Fluchhafen ageschloen. An Tigray ass den Ament eng Partei un der Muecht, déi sech selwer „d’Volleks-Befreiungs-Front“ nennt an se hunn och déi rezenten Attacke op Eritrea revendiquéiert. De Grond wär, dass Asmara déi ethiopesch Regierung géing supportéieren.

An Tigray ginn et zanter Méint Spannungen, well d’Volleksbefreiungsfront den neien Regierungschef Abiy Ahmed net unerkennt. Den gouf jo lescht Joer mam Friddensnobelpräis ausgezeechent.

Back to Top
CIM LOGO