Eise Journalist Petz Bartz hat d’Geleeënheet, mat him iwwert seng Beruffserfarungen ze schwätzen.
5 Mol war de palestinenseschen Dokter Abuelaish fir de Friddensnobelpräis nominéiert. Souguer an israelesche Medie gëtt de Medezinner dacks den “Dokter aus Gaza” oder “Martin Luther King aus dem Noen Osten” genannt. De Mann lieft mëttlerweil a Kanada.
Am September 2008 ass seng Fra u Kriibs gestuerwen. 4 Méint drop, am Februar 2009, koume seng 3 Meedercher am Alter vun 13, 15 an 21 a seng 17 Joer jonk Niess an enger israelescher Offensiv op d’Gazasträif ëm d’Liewen. Den Dr. Abuelaish hat laang Joren an Israel geschafft a schwätzt fléissend hebräesch. E sollt den Ament vun der Attack als Invité an engem israeleschen Televisiounsstudio sëtzen. E konnt just eran telefonéieren, fir vu sengem Leed z’erzielen.
Lëtzebuerg ass 7 Mol méi grouss wéi d’Gazasträif, mee an der Gazasträif liewen iwwer zwou Milliounen Awunner. D’Hallschent dovun huet nach keng 15 Joer, 20% si Fraen tëscht 15 a 45 Joer. Et ass mat Sécherheet kee militärescht Zil, fir dat ee sech misst bretzen, mä nawell bleiwe sporadesch Loftattacken net aus. Ma och an enger Gazasträif ënnert israelescher Blockad ass de Virus ukomm a Gaza brauch Hëllef.
Dr. Izzeldin Abuelaish:“Et ass eng mënschlech Katastroph. Eng Kris. Et wier un der Zäit, dass dës Welt hir Responsabilitéit géif huelen a mat Covid-19 seng Astellung géif upassen. Mir kënnen doduerch esouguer zesummekommen. Well dëse Virus, dës Krankheet, ass fir ons alleguer eng Gefor. Weltwäit. Mir sollen elo Fridde schléissen a no der Gesondheet kucken, no der Gerechtegkeet. Palestinenser sinn Deel vun dëser Welt.”
Den 18. Oktober gouf de Saeb Erekat, de Generalsekretär vun der PLO, vu Jericho mat enger Ambulanz an e Spidol an Israel bruecht. Beim Mann – engem 65 Joer ale Longentransplantéierten – woren akut Komplikatioune mat enger SARS-CoV-2-Infektioun agetrueden. Virum Spidol zu Jerusalem hunn israelesch Fundamentaliste géint eng Behandlung vum Erekat manifestéiert.
“Et ass traureg... als Dokter, an ech hunn an Israel geschafft, an ech sinn houfreg doriwwer: Ech behandelen Israeli, Judden oder Moslemen d’selwecht. Et si Mënschen, déi a Nout sinn. Fir mech als Medezinner – oder all Professionellen aus dem Gesondheetswiesen – solle mir Mënschlechkeet vermëttelen. Ons Gesondheet ass fir ons alleguer gläich wichteg.”
Als palestinenseschen Dokter an international unerkannte Mënscherechtler huet den Izzeldin Abuelaish sech elo senger Fondatioun Daughters For Life verschriwwen, déi jonke Fraen aus dem Noen Osten hëlleft, op de Wee ze goe vun der Edukatioun an der Recherche an der Gesondheet.
