
Den Iowa ass kleng, an d’Zuel vu sengen Delegéierte fält kaum an d’Gewiicht. Trotzdeem ass de Symbolwäert vum Resultat grouss.
E Méindeg geet et mat den amerikanesche Presidentschaftswale richteg lass, well da sinn di éischt republikanesch Virwalen am US Bundesstaat Iowa. Dës Wale ginn a Form vu “Caucus” gehalen, also ville lokale Versammlungen wou Republikanesch Wieler zesummekommen an ofstëmmen.
Si wielen hire Presidentschaftskandidat awer net direkt, mee si wielen Delegéierten déi sech fir den een oder anere Kandidat ausgeschwat hunn, an den dann am Juli um republikanesche Parteikongress zu Milwaukee ënnerstëtzen.
Den Iowa ass kleng. Vun deene ronn 1.235 Delegéierten, déi een zu Milwaukee brauch fir offizielle Presidentschaftskandidat ze ginn, huet den Iowa der nëmme 40. Mä och wann den Iowa vun de rengen Zuelen hier net vill an d’Gewiicht fält, sou ass seng Symbolkraaft awer ëmsou méi grouss. Ween d’Virwalen am Iowa gewënnt, dee ka sech domat bretzen an huet de politesche Wand an de Seegelen.
Trotzdeem gëtt d’Importenz vum Iowa iwwerschat, well als Indicateur, wien da schliisslech de republikanesche Kandidat wäert ginn, déngt dem Iowa net vill. Zanter 1976 huet de Gewënner aus dem Iowa esou nëmmen 3 Mol och déi national Nominatioun kritt: 1976 den Gerald Ford, am Joer 2000 den George W. Bush, an 2020 den Donald Trump.
Nodeems de fréiere Gouverneur aus dem New Jersey, de Chris Christie, sech aus der Course fir d’Nominatioun zréckgezunn huet, bleiwen nach 5 Haaptkandidaten iwwreg: Den Donald Trump, d’Nikki Haley, de Ron DeSantis, den Asa Hutchinson an de Vivek Ramaswamy.
Den Donald Trump ass dee grousse Favorit, an di richteg Course geet ëm déi 2. Plaz. De leschte Sondagen no kréich hien 51% vun den Delegéierten am Iowa. Mee dat heescht och dass d’Erwaardunge fir hien héich sinn, an alles manner wéi eng absolut Majoritéit wier quasi eng Defaite.