No Koran-VerbrennungIran a Saudiarabien bestellen de schwedeschen Ambassadeur an

RTL Lëtzebuerg
Eng weider Verbrennung vum Koran zu Stockholm huet zu heftege Protester an hefteger Kritik a méi islamesche Länner gefouert.
Protester géint Koran-Verbrennungen zu Bagdad.
Protester géint Koran-Verbrennungen zu Bagdad.
© © AFP/Murtaja LATEEF

Schonn e Freideg ware Leit ënner anerem zu Bagdad an zu Teheran op d’Strooss gaangen, fir géint dësen Ëmgang mam Koran ze protestéieren. Am Iran an a Saudiarabien gouf all Kéiers de jeeweilege schweedeschen Ambassadeur abestallt, am Libanon huet d’Arméi gréisser Sécherheetsvirkéierunge virun der schwedescher Ambassade getraff. Schweden huet da schonn annoncéiert, aus Sécherheetsgrënn den Ambassadeur zu Bagdad zeréck op Stockholm ze ruffen.

Dat eng weider Kéier e Koran oder Säiten aus dem islameschen hellege Buch a Schweden verbrannt konnt ginn, erklären d’Autoritéiten mat dem Recht op Meenungsfräiheet. D’Regierung huet awer och matgedeelt, datt, och wann een et net verhënnere géif, dat net géif bedeiten, datt een esou Aktioune fir gutt befënnt.

Aus dem saudiarabeschen Ausseministère heescht et, datt een dem schwedeschen Ambassadeur eng Protestnott géif ginn, an där déi schwedesch Autoritéiten opgefuerdert ginn, fir direkt déi néideg Mesuren z’ergräifen, datt esou eng schänterlech Aktioun net méi virkënnt.

An engem Telefonsgespréich mat sengem Homolog ass den iraneschen Ausseminister méi wäit gaangen. Hien huet gefuerdert, datt déi fir dës Aktioun zoustänneg Persoun “verhaft, viru Geriicht gestallt a fir seng Doten zu Rechenschaft gezu gëtt”. An der selwechter Zäit hate sech zu Teheran Demonstrante virun der schwedescher Ambassade afonnt. Si fuerderen, datt de Botschafter ausgewisen an d’Ambassade zougemaach gëtt.

D’Tierkei huet Schweden dann och opgefuerdert, eppes géint déi schänterlech Koran-Aktioun ze ënnerhuelen. Stockholm misst “Haassverbrieche géint den Islam a seng Milliarden Gleeweger” verhënneren, esou den tierkeschen Ausseminister.

Den irakesche Flüchtling Momika, deen a Schweden lieft, hat schonn Enn Juni aus Protest e puer Säiten aus dem Koran erausgerappt an ugefaangen. Dës Aktioun hat an der muslimescher Welt fir grouss Opreegunge gesuergt. An engem Interview mat der franséischer Zäitschrëft “Marianne” sot de Momika, datt hien esoulaang weider Editioune vum Koran géif verbrennen, wéi et him gesetzlech erlaabt ass. Eegenen Aussoen no wëll de Mann domadder op d’Diskriminéierung vu Minoritéiten am Irak hiweisen.

Back to Top
CIM LOGO