
An engem Referendum gouf doriwwer ofgestëmmt, ob zwou Textpassage sollte geännert ginn, an deenen et ëm d’Famill an ëm d’Frae geet. Do geet rieds dran, datt d’Haaptroll vun de Mamme wier sech ëm de Stot ze këmmeren. Dat sollt geännert ginn an de Begrëff vun der Famill méi breet gefaasst ginn, sou datt och Koppelen déi net bestuet sinn dorënner falen. 67,7 Prozent vun de Wieler hunn dogéint gestëmmt.
Nach méi eng däitlech Majoritéit, 73,9 Prozent, hunn dogéint gestëmmt, d’Referenzen op d’Aufgabe vun der Fra am Stot duerch eng geschlechtsneutral Formuléierung z’ersetzen.
3,5 Milliounen Ire waren e Freideg opgeruff, ze wielen. D’Walbedeelegung louch bei 44,4 Prozent.
De Verfassungsartikel 41, iwwert deen e Freideg um Weltfraendag ofgestëmmt gouf, gouf am Joer 1937 geschriwwen. All gréisser iresch Parteie ware fir d’Ännerung. D’Géigner vum Referendum hunn dogéint argumentéiert, déi nei Definitioun vun der Famill wier ongenee a kéint duerchernee maachen.
Eng Ännerung vun der Verfassung ass an Irland just iwwert e Referendum méiglech. 2018 gouf esou d’Legaliséierung vun Ofdreiwunge festgehalen, 2015 d’Bestietnis fir gläichgeschlechtlech Koppelen.