Virun allem awer a Krichsregioune wéi Jemen oder Syrien ass d’Verbreedung vum Coronavirus just nach eng weider Liewensgefor ënner villen. Am Nordoste vu Syrien zum Beispill kënnt den Ament akute Waassermanktem dobäi, warnt den Internationale Comité vum Roude Kräiz.
D’Temperature klammen an de stëbsege Ruine vun Deir Ezzor am Nordoste vu Syrien. Mataarbechter vum Internationale Comité vum Roude Kräiz sinn op Patrull, fir Leit ze hëllefen, déi probéieren, an der futtisser Stad z’iwwerliewen. D’Geforen elo ginn iwwer Attacke vum IS, sporadesch Bombardementer a Covid-19 eraus. Et feelt un Drénkwaasser. Nieft de villen Existenze goufen och d’Waasserleitungen an de Kanalisatiounssystem mat zerstéiert.
D’Haaptzil ass et, fir d’Waasserwierker ze flécken an elektromechanesch Pompelen z’installéieren. Zum Beispill zu Um Hassan, ëstlech vun Deir Ezzor. Dat ass d’Haaptwierk vun der Stad, fir 300.000 Awunner ze versuergen. Ouni fléissend Waasser erginn d’Hygiènesrotschléi am Zesummenhank mat der Pandemie an der sanitärer Kris kee Sënn. Vun de 16 Spideeler am Nordoste vu Syrien funktionéieren der nach zwee hallef – an och do ass d’Versuergung duerch Waasserpanne reegelméisseg ënnerbrach.
Musab al-Sayed TAHA, ICRC: “Elo, matten an der Corona-Kris, kënnt fir den ICRC hei eng nei Erausfuerderung dobäi. Mir féieren d’Desinfektiounscampagnen duerch a besuerge Schutz- an Hygiènematerial a mir explizéieren de Leit den neie Problem.”
Duerch de Manktem u Waasser kënnen och kaum Liewesmëttel preparéiert ginn. Zu Hasakah, zu Deir Ezzor an zu Raqqa geet duerfir och Iessen eraus un d’Zivilpopulatioun an un déi Honnertdausenden an de Lager fir intern Flüchtlingen. Parallel riicht d’Hëllefsorganisatioun separat Zelter op, fir Covid-19-Infizéierter kënnen z’isoléieren.
