US-VertriederIsrael huet Ofkommes iwwer Wafferou "méi oder wéineger" akzeptéiert

RTL Lëtzebuerg
An de Verhandlungen ëm eng Wafferou am Gaza-Krich gesinn d'USA elo d'Hamas gefuerdert.
© AFP

“Am Moment läit de Ball am Feld vun der Hamas”, sou een héichrangegen US-Regierungsvertrieder e Samschdeg zu Washington. Een Ofkommes géing “um Dësch” leien, Israel hätt dëst “méi oder wéineger akzeptéiert”.

Eng Wafferou vu sechs Woche kéint direkt ufänken, wann d’Hamas d’Fräiloossung vun enger “genau definéierter Kategorie vu besonnesch schutzbedürftege Geiselen zoustëmmt”, sou den US-Vertrieder. D’Gespréicher iwwert een Ofkommes fir eng Wafferou nach virum Ufank vum islamesche Faaschtemount Ramadan géife weidergefouert ginn.

Aus Kreesser vun der Hamas huet et e Samschdeg geheescht, eng Hamas-Delegatioun géing nach e Samschdeg fir weider Gespréicher iwwer eng Wafferou op Kairo fléien. D’Ënnerhändler vun Ägypten, Katar an den USA wëllen hir Gespréicher e Sonndeg zu Kairo weiderféieren, dat huet déi ägyptesch Chaîne Al-Kahera News matgedeelt.

De Krich an der Gazasträif dauert elo scho fënnef Méint. Honnerten Hamas-Kämpfer haten de 7. Oktober Israel attackéiert. Israeeleschen Informatiounen no waren deemools knapp 1.160 Mënschen ëm d’Liewe komm a ronn 250 weider Geiselen an d’Gazasträif verschleeft ginn.

Als Reaktioun geet Israel zanterhier massiv militäresch an der Gazasträif vir. Als Zil huet een d’Zerstéierung vun der Hamas genannt. Dobäi sinn der Hamas no mëttlerweil iwwer 30.000 Mënschen ëm d’Liewe komm.

Bis ewell hat et nëmmen am November eng Wafferou vun enger Woch ginn.

Back to Top
CIM LOGO