Lëtzebuerg verlängert Libanon-ReeswarnungIsrael preparéiert sech un alle Fronte fir de Krich

RTL Lëtzebuerg
D'Suerg viru méiglechen Attacken aus dem Iran a Libanon wiisst an Israel.
D'israeelesch Loftofwier hat an der Nuecht op e Sonndeg vill ze dinn, nodeems aus dem Libanon Rakéite Richtung Israel geschoss goufen.
D’israeelesch Loftofwier hat an der Nuecht op e Sonndeg vill ze dinn, nodeems aus dem Libanon Rakéite Richtung Israel geschoss goufen.

Et gëtt domat gerechent, dass den Iran an déi libaneesesch Terrororganisatioun Hisbollah, wéi an hire Menacen annoncéiert, aus e puer Richtungen ugräifen. Dat géif awer heeschen, dass och aner Gruppéierungen, déi dem Iran nostinn, sech un den Attacke géint Israel bedeelege kéinten. Zum Beispill d’Huthi am Jemen an aner Milizen am Irak an a Syrien.

An der Nuecht op e Sonndeg schonn hätt d’Hisbollah op en Neits Dosende Rakéiten op Israel geschoss. Israeelesch Medien mellen, et wären der vill vum Ofwiersystem Iron Dome interceptéiert ginn.

Net deen eenzegen, mä ee Grond fir déi nei Gefor vun enger Eskalatioun war de Mord um Hamas-Chef Hanija an der iranescher Haaptstad Teheran. Israel soll dofir responsabel sinn. Dem US-President Joe Biden no hätt déi Ermordung net dozou bäigedroen, dass d’Negociatioune fir e Waffestëllstand am Noen Oste Progrèse maachen.

Lëtzebuerg verlängert Reeswarnung an de Libanon

Fir d’Lëtzebuerger gëllt nach ëmmer d’Reeswarnung, déi den Ausseministère Mëtt Abrëll fir de Libanon erausginn hat. Et kritt een nach ëmmer ofgeroden dohin ze goen.

Aacht Lëtzebuerger Residenten hätten iwwer d’Plattform “Lëtzebuerger am Ausland” hiren Openthalt am Libanon deklaréiert, heescht et op Nofro hin aus dem Ausseministère.

Back to Top
CIM LOGO