
Israel wéilt domadder endlech sämtlech Geisele fräikréien, déi nach an der Gewalt vun der Hamas sinn.
D’Arméi géif sech deemno aus den Haaptzentren am Norde vun der Gazasträif zeréckzéien, an den Awunner wier et nees méiglech, an déi momentan nach ofgerigelt Küsteregiounen Heem ze goen.
D’Offer geséich awer keen Enn vum Krich vir. Esou ee kéint et och just mat enger Zwee-Staate-Léisung ginn. Där Meenung bleift d’Majoritéit vun den EU-Länner.
Den EU-Aussebeoptraagte Josep Borrel huet e Méindeg en entspriechend Konzept virgestallt, dat een elo den eenzele Parteien an der Regioun misst erklären, fir e Prozess ze lancéieren, deen dann zu deem Zil féiert.
All déi, déi dovunner näischt wësse wëllen, hätte bis ewell nach keng aner Alternativ presentéiert, sot no enger Reunioun vun den EU-Ausseministeren e Méindeg den Owend, déi däitsch Chef-Diplomatin Annalena Baerbock.
Den israeelesche Premier Banjamin Netanjahu hat esou eng Iddi d’lescht Woch jo weider konsequent refuséiert, wat vun der EU an och den USA kritiséiert gouf.