
D’Vulkaner an Italien gehéieren zu den aktiivste Vulkaner weltwäit. Besonnesch besuergt sinn d’Experten den Ament iwwer d’Aktivitéiten op der Insel Stromboli. Dëse Vulkan ass permanent aktiv, war am Joer 2019 fir d’lescht ausgebrach an huet deemools souguer en Tourist d’Liewe kascht.

Zënter zwou Woche konnten d’Vulkanologe rëm méi Aktivitéit am Vulkan feststellen. D’Regierung huet elo d’Alarmstuf rout ausgeruff. Et fuere keng Färe mat Touriste méi op d’Insel, déi nërdlech vu Sizilien läit. Experten an den italieeneschen Zivilschutz hu sech awer elo op der Insel breetgemaach, fir d’Aktivitéit genee ze observéieren.
Aktuell sinn um Stromboli pyroklastesch Stréim ze gesinn. “Dat heescht Gas, Lava oder Gestengs, wat de Bierg erof jauft. An dat ass natierlech vill méi geféierlech”, erkläert eis de Vulkanolog Romain Meyer.
Am Video gesäit een, wéi déi pyroklastesch Stréim um Mier weider fléissen.
Net genuch, dass de Vulkan Stromboli den Ament rëm Lava späizt, och den Vulkan Ätna op der italieenescher Insel Sizilien huet déi lescht Deeg fir Chaos gesuergt.
Den Ätna läit am Nordoste vun der Insel an huet déi lescht Deeg eng Äschewollek produzéiert, déi bis zu 5 Kilometer héich war. “Do brauch de Vulkan schonn Energie, fir d’Material esou héich ze bréngen”, sou den Expert Romain Meyer.
Dëst huet de Fluchverkéier zu Catania staark ageschränkt, well d’Landepist voller Äsche waren. Och de Stroosseverkéier an der Stad, déi nieft dem Vulkan läit, war betraff. Motorrieder a Vëloen duerfte guer net fueren, fir Autoen huet eng maximal Vitesse vun 30 Kilometer d’Stonn gegollt.
“Eng orange Alarmstuf vum super ausgebilten Nationalen Institut fir Geophysik a Vulkanologie (INGV) beweist, dass ee vun enger reeller gréisserer Gefor ausgoe muss”, fënnt de Romain Meyer. Et wier elo net fir Panik ze maachen, sou de Vulkanolog, et wier awer spannend, dass béid italieenesch Vulkaner aktuell esou aktiv sinn.