
De Mann huet sech, wéi en aus der Vakanz erëm koum, op der Grenz teste gelooss. Wëll hie bannent 24 Stonnen awer nach keen Testresultat hat, ass huen op eng Gebuertsdagsparty mat ronn 100 Gäscht gaangen. Sonndes, wéi d’Party eriwwer war, krut hie säi positiivt Resultat.
Wéi et vum Organisateur vun der Party heescht, hätt de Mann op der Teststatioun gesot kritt, dass et 24 Stonne géing daueren, bis d’Resultat do wier. Well dëst awer méi laang op sech waarde gelooss huet, ass hien awer op d’Feier gaangen - ouni op d’Testresultat ze waarden. Déi 100 Gäscht an 20 weider Persounen, mat deenen de Mann a Kontakt war, goufen a Quarantän gesat.
